BÄRBELENDAG

QUAND ?

OÙ ?
VeWa
4, place Thierry van Werveke
3475 Dudelange
Luxembourg
→ plan google maps

Am Kader vun der Ausstellung ‚Stëmme vun der Schmelz‘ soll d’Bäerbelfeier zu Diddeleng nees opliewen. Dëst Fest däerf net vergiess ginn, grad well zu Diddeleng nemméi vill Trace vum Biergbau visibel sinn a geschwë keen Zeie méi vun deer Zäit kann erzielen. Zesummen mam DKollektiv, mat der Gemeng Diddeleng, dem CNA, dem CNCI, de Pompjeeën an dem OGBL invitéiere mir Iech all Sonndes den 4. Dezember 2022 bei dësem flottem Event deel ze huelen an Är Geschichten verzielen ze kommen.

Programm 04.12.2022:

09h30
Wëllkomm Kaffi a Bochsemännchen am Pomhouse mat Visite guidée vun der Ausstellung ‚Stëmme vun der Schmelz‘
11h00
Kranznéierleeung beim Biergaarbechtermonument um Kierfecht
12h00
Apéro & Iessen am VEWA, wou et leckeren Iedsebulli gëtt
(Forfait Präis 25€ pro Persoun)

Dass mir alles beschtens plange kënne, biede mir Iech bis spéidsdens den 28.11.2022 fir den Apéro an d’Mëttesiessen, Iech um inscriptions.vewa@gmail.com unzemellen. Dir kënnt di 25€ deen Dag Cash sur place bezuelen oder op de Kont vum DKollektiv: LU68 0099 7800 0046 3695 mam Betreff Bäerbelfeier iwwerweisen.