Fotograféieren, entwéckelen, vergréisseren: Réckbléck op d’Ateliere vum Fotoclub

De Fotoclub Diddeleng huet am VEWA zwee Owenter ronderëm d’analog Fotografie organiséiert.

Am éischten Deel vum Workshop hunn d’Participanten Fotoe gemaach an duerno hire Film selwer entwéckelt. Beim zweeten Deel goufen d’Negativer geschnidden, analyséiert an digitaliséiert. Zum Schluss hunn d’Participanten hir bescht Biller erausgesicht, fir se am Fotolabo op Pabeier ze beliichten an ze vergréisseren.

De Fotoclub Diddeleng seet alle Participanten e grousse Merci fir hiert Interessi, hir Motivatioun an déi flott Momenter, déi wärend deenen zwee Owenter gedeelt goufen.

Bleiwt drun pour la suite en septembre !