Regionalforum Minett UNESCO Biosphere

QUAND ?

OÙ ?
VeWa
4, place Thierry van Werveke
3475 Dudelange
Luxembourg
→ plan google maps

Regionalforum fir eng gemeinsam an nohalteg Entwécklung vum Minett

Dëse Forum, dee vum Gemengesyndikat PRO-SUD  an dem Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung organiséiert gëtt, bréngt gewielte Vertrieder, Vertrieder vun der Zivilgesellschaft an Techniker aus eisen 11 Gemengen zesummen, fir Iddien ze entwéckelen, fir gemeinsam e pluriannuellen Aarbechtsprogramm fir d’Entwécklung vum Minett opzestellen.

Fir d’Diskussioune mat enger Biergerperspektiv ze beräicheren, sicht PRO-SUD Awunner aus dem Minett, déi un den Diskussiounen deelhuelen.

De Moie besteet aus participativen Atelieren, déi sech op sechs spezifesch Theme bezéien, déi mat regionaler Entwécklung a Landesplanung ze dinn hunn.

D’Diskussioune wärend dem Forum sinn op Lëtzebuergesch. Aus organisatoresche Grënn ass keng Simultaniwwersetzung an aner Sprooche méiglech.

Wann Där iwwert d’Zukunft vum Minett matdiskutéiere wëllt, da mellt Iech iwwer de Link hei ënnendrënner un: INSCRIPTION